Letzebuerger Scouten Gemeng Nidderaanwen
Ween sin mir?
D'AvEx (fréier (firun der Fusioun mat den Guiden) "Explorer" genannt) as eng Alterskatégorie an den LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten). Et as fir Kanner a Jugendlech vun 11 bis 14 Joër.
Wéini hun d'Avex Versammlung?
Samsdes vun 16:00 bis 18:00 ausser an de Schoulvakanzen.
Wou ass d'Versammlung?
An eisem "Beschhaus" (den Scoutshome an der Zone industrielle Breedewues um Senningerbierg ganz hannen beim Besch)
Ech well mattmaan!
Einfach eng Kéier laangscht kommen.
Waat sin Scouten?
Eng einfach Fro mat enger nët grad einfacher Äntwert. Dozou villeicht en Zitat vun hierem Grënner dem B.P.:
"The term "Scouting" has come to mean a system of training in citizenship, through games, for boys and girls."
Et geet also drem déi Jugendlech ob d'Liewen virzebereeden mat Hëllëf vun Spaass an Spill. Mee jiddfereen huet wuel séng eegen Meenung waat fir hien d'Scouten sin. Am einfachsten as et kuckt een sech déi Saach selwer mol un an et mecht een sech selwer e Bild.
Ennerscheed zu aneren Klibb
Bei de Scouten get et deen aus aaneren Verainer bekannten Leeschtungsdrock nët esou an där Form. Jiddfer eenzelnen soll wuel probéieren séng perséinlech Grenzen emmer rem nei ze sichen mee dat geschit op individueller Basis. Wann een méi wait kënnt wéi en aaneren oder een eppes manner gudd kann ewéi en aaneren as dat hei an de Scouten keen Beenbroch, am Géigensaatz zu verschiddenen Sportklibb wou nëmmen déi bëschten Spiller spillen dierfen