Letzebuerger Scouten Gemeng Nidderaanwen
Wien, waat, wou?
WEEN SIN MIR?
Mir sin d'Wellefcherséquipe vun den Scouten Nidderaanwen. Dat ass dei zweet Branche an den Scouten. Fir nach méi genau ze sin, mir sin d'Kanner zwëschent 8 an 11 Joër.
WAAT ASS ENG VERSAMMLUNG?
Mir hun all Samsden vun 16:00 bis 18:00 Auer Versammlung. D'Versammlung ass ouni Zweifel déi Aktivitéit, an där den Wëllefchen am meeschten erlieft an an där en och wuel am meeschten bäiléiert. Fir dass eng Versammlung geléngt, mussen sech d'Cheffen eng gudd Partie Gedanken maachen, Zäit a Virbereedung mat aplangen. All Wëllefchen soll duerch d'Spillen an der Versammlung eppes bäiléiren. D'Bäiléiren kann een op dräi Niveauen gesin:
- D'Kand soll am Kapp eppes bäiléiren
- D'Kand soll mat der Hand eppes bäiléiren
- D'Kand soll am Häerz eppes bäiléiren
All Versammlung steet ënnert engem Thema, waat ebenfalls den roude Fuedem fir all Aktivitéit duerstellt. An domat këime mir schon op e weidert Thema ze schwätzen.
WAAT ASS E KOMEIT?
E Koméit ass eng Serie vun Aktivitéiten zu engem bestëmmten Thema, mat enger firdrun festgeluegter Zielsetzung. E Koméit kann ënnerschiddlech oflafen. Normalerweis enthält e Koméit 4-6 Versammlungen, mat enger Sortie an engem Weekend. De wichtegste Punkt beim Koméit ass awer deen, datt eng Aktivitéit op där anerer opgebaut ass an zu engem Héichpunkt hiféiert, deen z.b. beim Ofschloss vum Koméit erlierft gëtt.
WAAT ASS ENG SORTIE?
Eng Sortie stellt oft den Ofschloss zu engem Koméit duer. Amplaz vun enger normaler Versammlung am Scoutshome geet de Grupp eppes besichen oder eng gréisser Aktivitéit op eng speziell Plaz maachen, wéi z.B. Schwamme goen, e Bauerenhaff besichtege goen etc.
WAAT ASS E CAMP?
Fir e flott Joer ofzeschléissen gin mir all mam ganze Grupp ob de Camp. De Camp, deen bei de Wëllef normalerweis eng Woch dauert, fënnt entweder an engem Chalet oder enger Scheier statt. De Camp ass onofhängesch vum Joër an steet emmer ënnert engem groussen Thema, dat de Kanner all méiglech Aktivitéiten ubidd. Duerch déi verlängert Zäit gëtt d'Gruppendynamik verstäerkt, an d'Kanner léiren méi selbststänneg duerch den Alldag ze goen a kléng Responsabilitéiten ze iwwerhuelen.