top of page
ruhig Wald

Zanter 1985

De Grupp

De Grupp Schetzel gouf vun e puer motivéierte Cheffen an d’Liewe geruff déi et fäerdeg bruecht hunn no an no ëmmer méi Jonker aus der Gemeng ze motivéieren fir hinnen de Scoutismus méi no ze bréngen.

​Iwert d’Joren ass de Grupp gewuess an et ass vill geléiert a Flottes erlieft ginn. Frëndschafte fir d’Liewe si geschloss ginn mam Resultat dass och haut nach ëmmer mol nees Memberen, déi deemools hier Scoutscarrière an dësem neien Grupp ugefaangen hunn zeréck luussen kommen.

​Di vill begeeschtert Kanner, Cheffen, Elteren an net ze vergiessen eis Gemeng hunn de Grupp Schetzel zu deem gemaach wat en haut ass: E groussen, nach ëmmer jonken an dynamesche Grupp!

ruhig Wald

Adventsmaart, Buergbrennen, Camp a villes méi

Vum schéinen Adventskranz ënnert dem Chrëschtbeemchen, der defteger Lënsenzopp beim Buergbrennen, engem Panesch op der Fête de la Musique, dem Patt op der Ofschlossfeier an engem Camp mat onvergiesslechen Erënnerungen: D’Scouten begleeden dech duerch d’ganzt Joer a sinn ëmmer aktiv! 

Dat ganzt Joer iwwer hëlt eise Grupp un traditionellen Eventer an der Gemeng Deel oder organiséiert se. Zéck net a komm eis eng Hand mat upaken oder laanscht luussen, fir flott Momenter ze erliewen an nei Frëndschaften ze knäppen.

bottom of page