Bleif informeiert
Hei fëns du ëmmer di neisten Informatiounen wat eise Grupp plangt oder weieng Eventer virun der Dier stinn. Egal op d'Scouts-Rentrée, Adventsmaart oder Buergbrennen hei bleifs du um neiste Stand!
"Adventsmaart" 2020
Eisen traditionellen Adventsmaart den dëst Joer ënnert enger anerer Form organiséiert gouf, ware groussen Erfolleg. E grousse Merci un all déi Leit, di eisen "Adventskranz Take-Away ënnerstëtzt hunn. Mir hoffen, dass a villen Haiser d'Käerzen un de Kränz fénkelen. Elo scho freeë mir eis op är Bestellungen vum nächste Joer. Mir wënschen Iech schéi Feierdeeg an eng gutt Gesondheet!
![]() |
---|
![]() |
![]() |
![]() |
Adventskranz Take-Away 2020

Montée 2020
De Weekend vum 2ten an 3ten Oktober war bei eis am Grupp eng méi lass: D'Montée stoung um Programm. Ugefaangen huet et Freides Owes, wou eis Nowuess-Pio d'Gemeng onsécher gemaach hunn. De Samschdegmëtten stoung fir di Klengsten ganz am Zeechen vun de 4 Elementer. Op verschiddene flotte Statiounen hunn si di 4 Elementer agefaangen, fir als Belounung zum Schluss e Wëllefchersfoulard ze kréien. Owes war et dunn un den neien AvEx: Um Sennengerbierg am Bësch war eng Sportsolympiad, fir déi nach Sportler gesicht gi sinn. natierlech hunn eis Nowuess-AvEx sech bereet erkläert matzemaachen. Zum Schluss ass et kee Pokal ginn, ma en neien AvEx-Foulard!
Natierlech si bei all eisen Aktivitéiten di Sanitär- an Hygiènesreegelen agehale ginn.