top of page

Alter

8 - 11 Joer

D’Wëllefcher riichte sech u Kanner vun 8 bis 11 Joer an sinn domadder di zweet jéngsten Branche an den Scouten.

Versammlungen

16:00 - 18:00 Auer

D’Versammlungen fannen all Samschden vun 16:00 bis 18:00 Auer an eisem Home um Sennigerbierg statt.

Aktivitéiten

Ofwiesslungsräich

D'’Wëllefcher ginn all Joer mat op den Montées-Weekend a maachen puer spannend Sortien. Fir d'Scoutsjoer flott ofzeschléissen ginn si op e Summercamp, do schlofen si bis zu enger Woch an engem flotten Chalet bei eis am Land.

IMG_0008_edited.jpg
IMG_3060.JPG

D’Wëllefchersmethod soll d’Kanner, di an dësem Alter immens virwëtzeg sinn an villes wëllen erfuerschen an entdecken, leieren Saachen ze hannerfroen an hier Ëmwelt kennenzeléieren. 

Den symboleschen Hannergrond vun dëser Method ass d‘ „Dschungelbuch“ andeem den Mowgli, deen am Dschungel ausgesat gouf vun engem Ruddel Wëllef opgeholl gëtt an sech mat Hëllef vun sengen neien Kolleegen op d’Rees vum Erwuesseginn mëscht.

D'Method

Am Ruddel

Erfarung

Kreativitéit

Kontakt Wellef
Ech melle mäi Kand un

Merci fir d'Umëllen!

bottom of page